Dateschutzerklärung

Dës Dateschutzerklärung gëllt fir all eis Prestatairen, zukünfteg extern Prestatairen, Clienten, Familljemembere vun eise Clienten an/oder Residenten, gesetzlech Vertrieder vun eise Clienten an/oder Residenten, Kandidaten, déi un enger fräier Plaz interesséiert sinn, Membere vun eiser Associatioun, Visiteure vun eiser Internetsäit a fir all aneren Drëtten, dee mat der gemengnëtzeger Associatioun „TÉLOS-Éducation“ a Verbindung steet oder deem seng persounebezunn Donnéeë vun der Associatioun veraarbecht ginn (am Folgenden „betraffe Persoun“ oder „betraff Persounen“ genannt).

An Iwwereneestëmmung mam Reglement (EU) 2016/679 vum Europäesche Parlament an dem Rot vum 27. Abrëll 2016 zum Schutz vun den natierleche Persoune bei der Veraarbechtung vu persounebezunnen Donnéeën an zum fräien Dateverkéier an zur Ophiewung vun der Richtlinn 95/46/EG, am Folgenden „allgemengt Dateschutzreglement“ genannt, wëlle mir déi betraffe Persounen iwwer d’Veraarbechtung vun hire persounebezunnen Donnéeën informéieren.

Déi gemengnëtzeg Associatioun „TÉLOS-Éducation“ huet hire Sëtz zu L-3838 Schëffleng, 18, rue Pierre Frieden an ass am Lëtzebuerger Handelsregëster ënner der Nummer F10499 agedroen (am Folgenden „TÉLOS“ genannt).

An Iwwereneestëmmung mam allgemengen Dateschutzreglement ass TÉLOS de Responsabel fir d’Veraarbechtung vun de persounebezunnen Donnéeën.

Rechtsgrondlag

D’Rechtsgrondlag fir d’Veraarbechtung vun de betraffene Persounen hire persounebezunnen Donnéeën ass engersäits déi uerdnungsgeméis Duerchféierung vun eiser kontraktueller oder esouguer virkontraktueller Bezéiung mat de betraffene Persounen. Anerersäits ass d’Veraarbechtung néideg, fir dem berechtegten Interessi, deen TÉLOS verfollegt, gerecht ze ginn. Fir bestëmmt Veraarbechtunge kënne méi Rechtsgrondlage gëllen.

Eng weider Rechtsgrondlag fir d’Veraarbechtung vun de betraffene Persounen hire persounebezunnen Donnéeë fir bestëmmt Zwecker kann d’Awëllegung sinn. D’Awëllegung ka jidderzäit zeréckgezu ginn. Wann d’Veraarbechtung allerdéngs parallel op enger anerer Rechtsgrondlag berout, huet de Widderruff vun der Awëllegung grondsätzlech keng Auswierkung op d’Veraarbechtung, déi TÉLOS duerchféiert (oder allzäit net op déi ganz Veraarbechtung).

Schliisslech kënne gesetzlech Verpflichtungen, déi fir TÉLOS gëllen, eng weider Rechtsgrondlag duerstellen, déi d’Veraarbechtung vun de betraffene Persounen hire persounebezunnen Donnéeë rechtfertegt.

Persounebezunn Donnéeën, déi méiglecherweis erfaasst a veraarbecht ginn

  • Virnumm a Familljennumm
  • Adress
  • Gebuertsdatum an -uert
  • Matriculesnummer
  • Foto an/oder aner Reproduktioune vun de betraffene Persounen
  • All d’Informatiounen, déi iwwer eis Iwwerwaachungskamerae gesammelt ginn

Erhiewung vu perséinlechen Donnéeën

Persounebezunn Donnéeë ginn z. B. bei enger éischter Kontaktopnam mat de betraffene Persounen erhuewen, beim Ausfëlle vu Formularen, beim Abonéiere vun eiser Newsletter oder bei der Kommunikatioun mat eis, z. B iwwer Telefon oder E-Mail, a soss am Kader vun der kontraktueller Bezéiung, déi se mat TÉLOS hunn.

Zweck a Veraarbechtung/Notzung vu persounebezunnen Donnéeën

TÉLOS erhieft persounebezunn Donnéeën an éischter Linn, fir seng kontraktuell Verpflichtunge géigeniwwer senge Vertragspartner bzw. externe Prestatairë vollstänneg ze erfëllen, bzw. fir Servicë géigeniwwer senge Clienten a Residenten erbréngen ze kënnen.

Dofir späichert TÉLOS persounebezunn Donnéeën ënner anerem am elektronesche Format an ausschliisslech fir professionell Zwecker. Persounebezunn Donnéeë kënne gespäichert oder op enger anerer Aarbechtsplaz vun TÉLOS, oder un en anere Vertragspartner vun TÉLOS souwéi un all Administratioun oder ëffentlech Institutioun iwwermëttelt ginn, wa gesetzlech Verpflichtungen asw., déi fir TÉLOS gëllen, esou en Transfert erfuerderen, bzw. wann den Transfert dem Zweck vun der Veraarbechtung entsprécht, fir deen d’Donnéeën un TÉLOS iwwermëttelt/vun TÉLOS erhuewe gi sinn.

D’Donnéeën, déi erhuewe ginn, ginn net méi laang konservéiert, wéi et fir d’Erfëllung vun den Zwecker, fir déi se erhuewe gi sinn, erfuerderlech ass, onbeschuet vum Recht vun TÉLOS, bestëmmt Donnéeën opgrond vu gesetzlechen/regulatoresche Verpflichtungen, déi fir TÉLOS gëllen, méi laang ze späicheren, bzw. opgrond vun aussergewéinlechen Ëmstänn, déi méi eng laang Späicherung rechtfertege géifen (Geriichtsverfaren asw.).

TÉLOS erhieft och persounebezunn Donnéeë vu Kandidaten, déi sech fir eng fräi Plaz bei TÉLOS interesséieren. Wann den interesséierte Kandidat dono agestallt gëtt, ginn déi persounebezunn Donnéeë mindestens fir d’Dauer vum Aarbechtsverhältnis an onbeschuet vum Paragraf hei uewe konservéiert. Am Fall vun enger Ofleenung ginn dem interesséierte Kandidat seng perséinlech Donnéeë geläscht, falls dee keng Géigenindicatioun uginn huet.

TÉLOS behält sech ausserdeem d’Recht vir, am Kader vum Astellungsverfaren en Extrait vum Casier judiciaire vum interesséierte Kandidat ze froen. Dëse gëtt vun TÉLOS spéitstens ee Mount no der Entscheedung iwwer de Recrutement vum betreffende Kandidat geläscht, a soss, soubal de betreffende Kandidat d’Veraarbechtung vu senge persounebezunnen Donnéeën ofleent.

Wie wäert mat de betraffene Persounen hire perséinlechen Donnéeën a Kontakt kommen?

Jee nodeem, ëm wat fir eng Donnéeën et sech handelt, wäerte Persounen an de folgende Positioune mat de persounebezunnen Donnéeë befaasst sinn:

Responsabel vun de folgende Servicen: Ressource-humainen, Administratioun, Finanzen a Gruppecoordinateuren.

Rechter:

Déi betraffe Persoune kënne folgend Rechter gëllen dinn:

  • d’Recht, uerdnungsgeméis iwwer d’Notzung an d’Veraarbechtung vu persounebezunnen Donnéeën an Iwwereneestëmmung mam allgemengen Dateschutzreglement informéiert ze ginn;
  • d’Recht op Zougang zu persounebezunnen Donnéeën an Iwwereneestëmmung mam allgemengen Dateschutzreglement;
  • d’Recht, persounebezunn Donnéeën ze rektifizéieren, d’Recht, d’Läsche vu persounebezunnen Donnéeën ze verlaangen, virausgesat, datt déi gesetzlech Contrainten a Verflichtungen, déi fir TÉLOS gëllen, net am Widdersproch mat esou enger Ufro stinn;
  • d’Recht, a besonnesche Situatiounen, déi am allgemengen Dateschutzreglement festgeluecht sinn, d’Aschränkung vun der Veraarbechtung ze bewierken, soudatt déi persounebezunn Donnéeën nëmme mat der Awëllegung vun der betraffener Persoun veraarbecht kënne ginn (onbeschuet vun eisem Recht, d’Donnéeën an Iwwereneestëmmung mam Dateschutzreglement ze späicheren). D’Ausübe vun dësem Recht huet keng Auswierkungen op viregt Veraarbechtungen;
  • d’Recht vun der betraffener Persoun, a besonnesche Situatiounen, déi am allgemengen Dateschutzgesetz festgeluecht sinn, alleguerten déi persounebezunn Donnéeën, déi si betrëfft an déi si TÉLOS zur Verfügung gestallt huet, ze kréien an dës Donnéeën un een anere Responsabel fir d’Veraarbechtung ze iwwerdroen (Recht op Dateniwwerdrobarkeet). TÉLOS behält sech d’Recht vir, fir esou eng Iwwerdroung Fraisen ze berechnen, besonnesch bei heefegen Ufroen an/oder bei Ufroen, déi opgrond vum Datevolume, deen iwwerdroe muss ginn, als exzessiv ugesi ginn. Déi betraffe Persoun muss TÉLOS matzäit virum Enn vum Kontrakt matdeelen, ob se wëlles huet, vun dësem Recht Gebrauch ze maachen. Anerefalls kann TÉLOS net fir d’Läsche vun de persounebezunnen Donnéeën haftbar gemaach ginn.
  • d’Recht, onbeschuet vu soss administrativen oder geriichtleche Recoursen, eng Reklamatioun bei der Nationaler Kommissioun fir Dateschutz (CNPD) anzereechen, wann déi betraffe Persoun der Usiicht ass, datt se Opfer vun engem Verstouss bei der Veraarbechtung vun hire persounebezunnen Donnéeën ass; an

Internetsäit

TÉLOS ass de Responsabel fir d’Veraarbechtung vun de persounebezunnen Donnéeën, déi d’Associatioun iwwer hir Internetsäit (d’„Internetsäit“) erhieft.

Fir d’Navigatioun op der Internetsäit muss de Visiteur keng persounebezunn Donnéeën iwwer sech erausginn.

Bei all Visitt op der Internetsäit gi bestëmmt technesch Donnéeën („Technesch Donnéeën“) automatesch an engem spezielle Fichier um Serveur vun der Internetsäit gespäichert. Technesch Donnéeë kënnen ënner anerem d’IP-Adress, den Internetprovider, de Betribssystem an de Browsertyp, deen de Visiteur benotzt, den Datum an d’Auerzäit vum Zougrëff op d’Internetsäit, déi besicht Säit(en) an de Volume vun den iwwerdroenen Donnéeën ëmfaassen. TÉLOS analyséiert déi Technesch Donnéeën zu statisteschen Zwecker, souwéi fir d’Internetsäit ze verwalten an ze verbesseren. Déi gesammelt Technesch Donnéeë ginn ënner kengen Ëmstänn vun TÉLOS benotzt, fir e Profil vun de Visiteure vun der Internetsäit ze erstellen, soudass d’Anonymitéit vun all Visiteur garantéiert bleift. Déi Technesch Donnéeë ginn net un Drëtter weiderginn.

Ännerung vun dëser Erklärung

TÉLOS behält sech d’Recht vir, dës Erklärung zu jidderzäit aus iergendengem Grond ze änneren. Fir sech driwwer ze informéieren, wéi TÉLOS de betraffene Persounen hir perséinlech Donnéeë schützt, recommandéiere mir, dës Erklärung reegelméisseg op der TÉLOS-Internetsäit ze liesen:  www.telos.lu

Kontaktdetailer:

Bei Froen an Ufroen zu de persounebezunnen Donnéeën, went Iech wgl. un den Här Yves Fiorelli, Direkter vun TÉLOS-Éducation.