WEI SCHAFFE MIR?

Eis
Interventiounsmethoden

Niewent der Betreiung vun de Kanner läit de Fokus och op den Elteren an hiren edukative Kompetenzen.

All eis Betreier hunn eng Formatioun an deene Beräicher, déi hei ënne beschriwwe sinn, absolvéiert. Eis wichtegst Interventiounsmethod baséiert um interaktionellen a strategeschen Usaz, wéi e vun der Ekipp ronderëm den John Weakland an de Paul Watzlawick, och „Palo-Alto-Schoul“ genannt, entwéckelt gouf. Mir stinn a Kontakt mam Institut Gregory Bateson vu Léck, dem franséischsproochege Vertrieder vum Mental Research Institute (MRI) zu Palo Alto, a Kalifornien, an den USA. Dëse konstruktivisteschen Usaz, deen op der Cybernetik baséiert, gehéiert zur Famill vun de systemeschen Therapien. Dobäi handelt et sech ëm eng problemorientéiert Kuerzzäittherapie, déi allerdéngs op eng séier Entlaaschtung vun de Betraffenen ausgeriicht ass.

 

Palo Alto

Dësen Interventiounsmodell gëtt stänneg weiderentwéckelt. Niewent de psychotherapeutesche Modulle gëtt et och Formatioune fir d'Aarbecht am Beräich vun der Kannerhëllef, dorënner e Modell vun der Zwangsbetreiung an dem Coaching an de Betriber. Dësem Usaz no sinn de Leit hir Schwieregkeeten éischter op Bezéiunge wéi op d’Persoun selwer zeréckzeféieren (intrinsesch Facteuren).

Aus Erfarung wësse mir, datt de Modell et de Betreier erméiglecht, op eng respektvoll an transparent Aart a Weis mat all Zort Publikum ze schaffen an eng vertrauensvoll Relatioun mat dëse Mënschen unzestriewen. De Virdeel vun dësem Modell besteet doran, datt e sech op de Point de vue vum Beneficiaire baséiert. Wéi hëlt dee seng Schwieregkeete wouer a wat setzt en a Beweegung, fir de Problem ze léisen? Dësen Usaz ass systemesch ausgeriicht an ëmfaasst all d'Persounen am betreffende System vum Beneficiaire. Et gëtt analyséiert, wéi d'Interaktiounen tëschent Familljememberen, mee och tëschent Fachleit de Problem oprechterhale kënnen (Konzepter vu Léisungsversich) a wéi een de Beneficiaire zum Acteur vun der Verännerung mécht an esou eng laangfristeg Ofhängegkeet vum sozio-professionelle Reseau vermeit.

Marte Meo

Eis Ekippe sinn och an der Marte-Meo-Method ausgebilt. Dës Method huet als Zil, de Rhythmus vum Beneficiaire ze respektéieren. D'Interventiounen erfollege mathëllef vu Filmausschnëtter, wou mir zesumme mam Beneficiaire Sequenzen analyséieren, fir d'Kompetenze vun der Persoun ervirzehiewen, bzw. fir de Beneficiaire op bestëmmt (non)verbal Interaktiounen opmierksam ze maachen. D'Method huet de Virdeel, datt se bei Beneficiairen aus allen Alterskategorien (Erwuessener, Kanner, Bëbeeën asw.) ugewant ka ginn.

 

Béid Modeller sinn d'Grondlag fir eis Interventiounen, woubäi eis Aarbecht sech net dorop beschränkt. An engem pragmateschen Usaz integréiere mir awer och d'Virschléi vun aneren Acteure vum Secteur, déi d'Situatioun virubrénge kënnen.

Eis Praktike solle sech un „evidenzbaséierten“ Methoden orientéieren a mir siche stänneg de Kontakt mat Formatiounsinstituter a Fuerschungszenteren zu Lëtzebuerg an an den Nopeschlänner.

Well eis Ekipp Iech an all Situatioun beschtméiglech ënnerstëtzen kann