Mir sinn

L'association
TELOS-éducation

TELOS-éducation asbl ass am Juli 2015 gegrënnt ginn an huet als Zil, de Familljen an Nout (Kanner an Erwuessener) eng psychosozial Ënnerstëtzung ze bidden an innovativ Projeten um edukativen, sozialen a kulturelle Plang ze fërderen.

Eis Soziaalt Zil

D'Hëllef kann ambulant oder stationär stattfannen. Et ka sech z. B. ëm d'Opnam vu Mannerjäreger oder jonken Erwuessenen handelen, déi sech an enger psychosozialer Kris befannen oder déi op hirem Wee zur gesellschaftlecher Integratioun seriöe Problemer ausgesat sinn.

Eng weider Mesure kann déi ambulant Betreiung vu Famillje sinn, déi sech an enger Noutlag befannen an deenen e Broch oder esouguer eng Trennung vun Elteren a Kanner dreet.

De Verwaltungsrot handelt a strikter ideologescher, philosophescher a reliéiser Neutralitéit. Mir stelle sécher, datt d'Recht vun eise Beneficiairen a Mataarbechter op Schutz vun hirer Privatsphär an op Respekt vun hire reliéisen oder philosopheschen Iwwerzeegunge garantéiert bleift.

Eis Wäerter

D'Grondsätz vun TELOS-éducation

Op Basis vun dësem gesetzleche Kader an ënner Berücksichtegung vun enger grondleeënder Ethik, déi sech als gemeinsam Grondlag vun eiser Reflexioun an eisen Aktioune versteet an där hiert Zil et ass, nozelauschteren, ze guidéieren, heiansdo ze empfielen an esou seele wéi méiglech virzeschreiwen, hu mir eis Missioune folgendermoossen definéiert:

  • D'Betreiung, de Schutz, d'Gesondheet an d'Wuelbefanne vun de Kanner a Jugendlecher, déi eis uvertraut ginn, garantéieren
  • Hir sozial Relatiounen a besonnesch d'Kontakter mat hiren Hierkonftsfamilljen an engem Kader fërderen, deen de Kanner a jonken Erwuessenen hir Selbstverwierklechung erméiglecht
  • All déi gëeegent Mesuren ergräifen, fir eng positiv Entwécklung vun de Jugendlecher ze fërderen, an, wann néideg, Kontakt zu Spezialisten ophuelen, deenen hir Bedeelegung un der edukativer an therapeutescher Aarbecht sech als noutwendeg erweise kéint

E puer fundamental Aspekter vun eiser pedagogescher a psychosozialer Tätegkeet:

  • Konstruktiivt an entgéintkommend Verhale géigeniwwer
    • dem Jonken
    • sengen Elteren
    • sengen Ugehéieregen a sengem soziokulturellen Ëmfeld.
  • Mir verstinn Onzefriddenheet oder temporär Aggressivitéit eis géigeniwwer als e feelend Verständnis oder als Schmäerz a Bezuch op d'Situatioun.
  • Mir wëllen et all de Kanner, Jugendlecher a jonken Erwuessenen erméiglechen, an engem friddlechen, rouegen a gewaltfräie Liewensëmfeld ze liewen a sech do ze entfalen.

Folgend Gesetzer bilden an éischter Linn de rechtleche Kader fir eis Aarbecht:

  • Gesetz vum 8. September 1998 zur Reegelung vun de Bezéiungen tëschent dem Staat an den Ariichtungen, déi am sozialen, familiären an therapeutesche Beräich täteg sinn (ASFT)
  • Jugendschutzgesetz vum 10. August 1992 Gesetz vum 16. Dezember 2008 zur Kanner- a Familljenhëllef

Eise Verwaltungsrot

TELOS-éducation ass eng gemengnëtzeg Associatioun, déi sech déi sozial, pedagogesch an therapeutesch Aarbecht mat Kanner, Jugendlecher a Familljen zum Zil gesat huet. De Verwaltungsrot handelt a strikter ideologescher, philosophescher a reliéiser Neutralitéit. Mir stelle sécher, datt d'Recht vun eise Beneficiairen a Mataarbechter op Schutz vun hirer Privatsphär an op Respekt vun hire reliéisen oder philosopheschen Iwwerzeegunge garantéiert bleift.

Thierry ANDRÉ - Enseignant/Sekretär

Luc DUARTE - Ekonomist/Tresorier

André PIPPIG - Expert comptable

Christian JUNGERS - Avocat à la Cour/Vizepresident

Fernand SCHINTGEN - Président

Jeff WEITZEL - Psychologue

Well eis Ekipp Iech an all Situatioun beschtméiglech ënnerstëtzen kann