Eis Offeren

Oppe Wunnengsformen

TÉLOS proposéiert de jonke Locatairë vum SLEMO :
  • Ënnerstëtzung bei der Organisatioun vum deegleche Liewen, der Finanzverwaltung, der Zäitplanung, dem Entretien vun der Wunneng asw.
  • Begleedung bei déi Servicen an Administratiounen, déi fir Aarbecht, Formatioun a Sozialhëllef zoustänneg sinn, bei gläichzäiteger Fërderung vun der Autonomie
  • En oppent Ouer bei perséinlechen, tëschemënschlechen a familiäre Schwieregkeeten an, bei Bedarf, Weiderleedung u Spezialisten
  • Encouragement an Ënnerstëtzung bei all de Liewenspläng
  • Eenzellogement oder Wunngemeinschaft
 
 
Oflaf vun der Hëllef :
  • De Logementskontrakt, dee mat TÉLOS-Éducation ASBL ënnerschriwwe gëtt, reegelt den Oflaf vun der Zesummenaarbecht tëschent dem Jugendlechen an de Betreier. Dëse Kontrakt kann zu jidderzäit aktualiséiert ginn, wann d'Situatioun dat erfuerdert.
  • Reegelméisseg oder souguer deeglech Visitten am Logement vum Jugendlechen. D'Heefegkeet vun de Visitte ka jee no Situatioun variéieren.
  • D'Obligatiounen am Wunnheem gi strikt agehalen.
  • Bei enger Wunngemeinschaft reegelt e Règlement interne d'Liewen am Logement.
  • Jonk Eltere kréien eng Betreiung, déi op dem Kand säi Wuelbefannen ofgestëmmt ass. Mir wëllen awer drop hiweisen, datt mir an dësem Kader keng Mamm-Kand-Betreiung ubidden.
  • De SLEMO vun TÉLOS-Éducation ASBL bitt keng Dages- an Nuechtbetreiung un. TÉLOS-Éducation garantéiert flexibel Aarbechtszäite vu senge Mataarbechter an eng stänneg Disponibilitéit a Form vun engem Bereetschaftsdéngscht an enger telefonescher Ruffbereetschaft.

Eise Service fir betreit Wunnen ëmfaasst och eng Opnam a Betreiung fir jonk Mamme mat hire Kanner. Niewent der administrativer a psychosozialer Ënnerstëtzung vun der Mamm bidde mir hir och eng Ënnerstëtzung an hirer edukativer Roll un, ouni dobäi hir Roll als Mamm anzehuelen.