Eis Offeren
Offere fir Familljen
De Service bitt eng psychologesch, sozial an edukativ Betreiung vu Famillen:
- Elteren, déi mat Bezéiungs- oder Erzéiungsschwieregkeete mat hire Kanner konfrontéiert sinn, hëllefe mir, eng kloer, konsequent an ugemooss Haltung am deeglechen Ëmgang an der Famill ze entwéckelen.
- Mir ënnerstëtzen d'Eltere bei de Kontakter mam Hëllefsreseau, wouduerch eng gedeelt Responsabilitéit gefërdert ka ginn (schoulesch Ënnerstëtzung, Maison-relaisen, Noperschaftsservicen asw.).
- Mir hëllefen der Famill, Lienen zu aneren Hëllefspersounen an hirem Ëmfeld opzebauen.
Oflaf vun der Hëllef:
- An der Reegel wëchentlech Visitte bei der Famill doheem
- Begleedung bei aner Servicen oder Administratiounen
- Gespréicher mat den Elteren oder mat eenzele Familljememberen
- Geplangt Gruppenaktivitéiten, fir e bessert Bild vun der Situatioun a Bezuch op d'Schwieregkeeten, déi festgestallt gi sinn, ze kréien
- TÉLOS-Éducation garantéiert flexibel Aarbechtszäite vu senge Mataarbechter an eng stänneg Disponibilitéit a Form vun engem Bereetschaftsdéngscht an enger telefonescher Ruffbereetschaft.
De Service proposéiert och betreit Visitten:
- Opbau oder Oprechterhale vum Lien tëschent dem Kand a senge Bezuchspersounen
- Organisatioun vun Treffen op enger neutraler a sécherer Plaz