Eis Offeren

Wunnheemer fir Mannerjäreger

Dages- an Nuechtbetreiung

D'Betreiung riicht sech u Kanner am schoulflichtegen Alter. Et kënne maximal véier Kanner opgeholl ginn. D'Haiser huelen Geschwëster op. Well e Placement a sech schonn en Trauma ass, wëlle mer esou wäit wéi méiglech verhënneren, datt Geschwëster getrennt ginn.

  • Mir bidden e strukturéiert a strukturéierend Liewensëmfeld, dat op dem Kand seng Besoinen zougeschnidden ass, a seng Eenzegaartegkeet respektéiert.
  • Eng friddlech Atmosphär, gutt Laun an en allgemengt Klima, dat d'Wuelbefannen an net d'Organisatioun an de Mëttelpunkt stellt, bilden d'Grondlag fir eng gesond Entwécklung vun de Kanner.
  • Duerch geziilt a pedagogesch fundéiert Aktivitéite gëtt d'Kand bei der Entwécklung vu senge sozialen, bezéiungsorientéierten, emotionalen a sozial-emotionale Fäegkeete gefërdert.
 
 
Ziler:
  • D'Kand an d'Famill ginn, wa méiglech, op eng Reintegratioun an der Famill virbereet.
  • Dem Kand seng spezifesch emotional an edukativ Besoine gi berücksichtegt a respektéiert, fir seng Entwécklung a Richtung perséinlech Autonomie a sozial, familiär a schoulesch Integratioun ze fërderen.