Eis Offeren

TELOS espace

Wann e Jugendleche fir e bestëmmten Zäitraum de Besoin huet, aus sengem gewinnte Liewensëmfeld auszebriechen, fir nei Kraaft ze tanken a sech op sech selwer ze konzentréieren, bzw. fir iwwer säi „Liewensprojet“ nozedenken, bidden eis individuell pedagogesch/therapeutesch Projeten d'Méiglechkeet, eng „Bulle“ oder e „Raum“ fir dës Erhuelung ze schafen. Déi raimlech Dimensioune vum Land loossen e groussen Eloignement bannent eise Grenzen net zou, obwuel en Tapéitewiessel, z. B. vun der Stad op d'Land oder an eng méi ofgeleeë Regioun oft als positiv ugesi gëtt.

Déi individuell Intensivbetreiung bitt deene Jugendlechen, fir déi den AEF-System keng Äntwert op hir Noutlag fënnt, personaliséiert Moossnamen am Ausland.

Dobäi handelt et sech ëm folgend Mesuren:

  • Rondrees
  • „Nomadentum“
  • Stationären Openthalt
  • Time-out-Openthalt (zäitlech begrenzt)
  • Laangzäitopenthalt bei enger Famill
 
 
Ziler:
  • Geografesch Distanz zum gewinnten Ëmfeld vum Jugendlechen
  • Afrostellung a Reflexioun, déi et erméiglechen, en eegene Liewensprojet ze entwéckelen
  • Sech selwer, déi eege Grenzen an Ängschte kenneléieren, fir se als Stäerkt ze notzen
  • Korrigéierend emotional Erfarunge maachen