Eis Offeren

De soziotherapeuteschen Zentrum
(X-Track)

Intensiv Dagesbetreiung

Eisen CST bitt eng alternativ Schoulbildung fir Kanner, déi Schwieregkeeten an de Beräicher Ausdrock, Verständnis a Kontroll vun den Emotiounen hunn. D'Symptomer, déi mat dëse Schwieregkeete verbonne sinn, kënnen et zäitweileg onméiglech maachen, eng Grondschoulklass ze besichen.

  • D'Kanner si wärend den Unterrechtszäiten am CST present.
  • D'Betreiung, déi ugebuede gëtt, ass pedagogesch, didaktesch an therapeutesch.
  • Léiere gëtt als en interaktive Prozess tëschent dem Kand a sengem Ëmfeld betruecht. D'Methoden an d'Ziler ginn dofir kontinuéierlech un de Kanner hir Besoinen an Interessien ugepasst.
  • Dem Kand seng Bedeelegung um Entscheedungsprozess fërdert d'Selbstbewosstsäin an den Engagement.
 
 
Ziler:
  • D'Isolatioun an de Schoulofbroch vermeiden
  • Et méiglech maachen, anescht ze sinn, ouni ze „stéieren“: Stigmatiséierung besäitegen
  • Dem Jugendlechen a senger Famill eng positiv Perspektiv ginn
  • Dem Kand seng Ressourcen erkennen an em weisen, wéi interessant seng Gedanke sinn
  • Schoulesch Reintegratioun fërderen